Geschicht vum Indiaca

Den däitschen Sportschoulmeeschter Karlhans Krohn huet am Joer 1936 bei engem Spazéiergang an der Copacabana d’brasilianesch Peteka-Spill entdeckt an an seng Heemecht importéiert.
Et gëtt ugeholl, dass d’Urform vum Peteka en eeleren Fiederball aus zesummegeluecht Maisblieder ass, deen Forscher bei Indianerstämm an Nordost-Bolivien entdeckt haten.
Aus der Wuertkombinatioun aus Indianer an Peteka huet den Karlhans Krohn den éischten Fiederball “Indiaca” genannt. Ufank den 50er Joeren gouf d’Spillidee fir d’éischt zu Baden-Württemberg vun kierchlechen Jugendgruppen opgeholl.
En groussen Succès krut des jonk Sportaart Ufank den 70er Joeren, wou den Daachverband vum Däitschen Sport, den Däitschen Sportbund (DSB) Indiaca zweemol als “Spill vum Joer” ausgezeechent huet. Duerno hunn sech déi éischt Veräiner ausserhalb vun der kierchlecher Jugendaarbecht fir dësen Sport begeeschtert.
Den Indiaca ass iwweregens och haut nach deelweis aus engem Naturproduit, dat heescht d’Fiederen ginn vun engem Schnuddelhonghaff aus den USA importéiert.
Nierft den nationalen Beräich an Däitschland huet sech den Karlhans Krohn awer och vun Ufank un em international Kontakter gekëmmert. Schon beim däitschen Turnfest 1987 zu Berlin konnten Spiller aus Lëtzebuerg
begréisst ginn. Kuerz duerno sinn och Kontakter an der Schwäiz an Japan entstanen.
Den 26.05.2000 gouf zu Berlin d’International Indiaca Assocation (IIA) gegrënnt. Am August 2001 gouf zu Tartu an Estland déi éischt Weltmeeschterschaft organiséiert, an een Joer duerno zu Karlsruhe an Däitschland den éischten Worldcup.

Weider Informatiounen bei wikipedia.de