1. Spilldag Mixtechampionnat 2022-2023


04 December 2022

Den Samschdeg 26. November ass zu Bettenduerf den éischten Spilldag vum Mixtechampionnat fir d' Saison 2022-2023 gespillt ginn.
Alzeng ass mat enger Equipe ugetrueden déi haaptsächlech aus jonken Spiller mat wéineg Spillerfahrung bestanen huet, fir een vun den Spiller war et esouguer eréischt den éischten Asaatz an enger Competitioun. Dementspriechend konnt een gespaant sinn wéi sie sech géifen schloen.
Eis Equipe hat deen Dag 3 Matcher ze spillen. Am éischten Match haten sie et direkt mat der Equipe "Groe Léiw" ze dinn, enger Equipe aus Ü-40 Spiller déi staark spillen an vill Matcherfahrung hunn. Am éischten Saatz konnten déi Alzenger sech nach einegermoossen wieren an hunn ëmmerhin nach 16 Punkten matgeholl, am zweeten Saatz hunn d'Gro Léiwen awer näischt ubrennen gelooss an Alzeng huet sech mussen mat 8-25 geschloen ginn.
Dono war d'Equipe vun Useldeng eisen Géigner. D' Néierlag aus dem éischten Match haat eis Equipe gutt eweg gestach an sie hunn een gudden Start an den zweeten Match gemaach an den éischten Saatz mat 25-21 gewonnen. Déi Useldenger Equipe huet sech awer am zweeten Saatz gefaangen an no engem spannenden Duell konnt Useldeng sech mat 25-20 duerchsetzen an huet domat denkbar knapp den Alzenger och nach den Matchpunkt ofgeholl.
Am drëtten Match huet eis Equipe dunn mussen géint "Indiaca d'Or" untrieden, enger Equipe aus der Belsch. Och dëss Equipp war ganz staark an Alzeng hat keng Chance do mat ze haalen. Deen Match huet Alzeng mat 9-25 an 8-25 verluer.
Trotz deenen 3 Néierlagen ass awer fest ze haalen dass eis jonk Equipe gutt zesummen gehaalen huet an deelweis och schéin Ballwiessel konnt weisen. Do kann een gespaant sinn wat déi Equipe an der Zunkunft nach kann erreechen.

Eis Equipe: Maëla, Carole, Nathalie, Anna, Conny, David, Noah, Dean, Ben an Bob.

mixte - resultater 1.pdf