

Eis Alzenger Dammen sinn an der 1. Ronn géint di Useldenger Dammen ugetrueden.
Eis jonk Equipe konnt am Ufank vum éischte Saz gutt mat halen, mee hunn awer um Schluss de Saz op 18 Punkten ofginn. D'Prezisioun bei de Receptiounen an de Passen war leider net sou konstant wéi bei deenen mi erfuerenen Dammen vun Useldeng.
Am 2. Saz war dofir d'Onsécherheet am Ufank mi grouss an huet vill Punkte kascht mee um Schluss konnten eis Meedercher awer nach 17 Punkten mat vill Asaz erkämpfen.
Am 3. Saz waren eis Meedercher dunn no puer gudden Aktiounen am Ufank immens motivéiert an hunn bal alles erëm geholl an der Defense. Och bei den Attacken huet et besser geklappt, sou datt se um Schluss de Saz mat 25-20 zu hire Gonschte konnten entscheeden.
Am 4. an leider entscheedenden Saz huet dunn d'Nervositéit rëm zougeholl an d'Prezisioun nogelooss. Di Useldenger Dammen hunn näischt méi ubrenne gelooss an de Saz mat 25-12 gewonnen an de Match fir sech entscheet.
Wärend am leschte Joer nach keen Saz gewonne gouf, kenne mer dëst Joer e grousse Progrès an e geniale Teamgeescht bei eise jonken Damme feststellen, wat verdéngterweiss zu dem Sazgewënn gefouert huet.
Weider sou!!