¼-Finall Dammencoupe Alzeng-Kolmer


19 December 2019

Den Mëttwoch 04.12.2019 huet d’ Alzenger  Dammenéquipe um Houwald een Coupe Match géint Kolmer gespillt.

Alzeng hat eng jonk Équipe opgestallt (4 vun den 6 Spillerinnen sinn Jugendspillerinnen) déi an där Zesummesetzung nach nie esou gespillt huet.

Obwuel eis Dammen sech den Ëmstänn entspriechend gutt geschloen hunn, hunn sie den éischten Satz 13-25 verluer. Dat huet der gudder Ambiance an der Équipe awer nët geschuet an d’Spillerinnen sinn zouversiichtlech an den 2. Satz gaangen. Och hei hunn sie no enger fir hier Verhältnisser gudder Leeschtung den Satz mat 16-25 verluer. Am 3. Satz sinn sie dunn awer ganz gutt an d’ Spill komm an hunn mat der Kolmer Équipe  matgehalen an waren esou guer zäitweileg vir. Leider konnten d’ Kolmer Dammen awer vun hirer Routine profitéieren an setzen sech no engem ëmkämpften Spill ganz knapp mat 25-27 duerch an gewannen den Match also 0-3.

Eis Équipe: Sandy (c), Conny, Nathalie, Anna, Carole, Maëla. Coach: Guy