¼-Finall Mixtecoupe Alzeng1-Nordstad2


19 December 2019

Den Mëttwoch 11.12.2019 ass um Houwald den Mixtecoupe Match Alzeng1-Nordstad2 gespillt ginn.

D’ Équipe Alzeng1 ass eng Équipe vun den Alzenger Jugendspiller vun deenen Verschiddener deen Dag hiren éischten Competitiounsmatch gespillt hunn . Géint eng erfueren Nordstad2 Équipe haten sie also een schwéieren Match ze spillen. Dat huet sie awer nët dovun ofgehalen motivéiert an mat guddem Teamgeescht an den Match ze goen.

D’ Alzenger Jugend huet sech fir hier Verhältnisser gutt geschloen an gewisen wat sie schonn drop hunn. Obwuel sie den Match 0-3 (13-25/15-25/10-25) verluer hunn war d’ Ambiance gutt an d’ Begeeschterung grouss. Déi jonk Spiller/innen konnten hei wäertvoll Erfahrungen sammelen.

Eis Équipe: Nathalie (c), Anna, Carole, Maëla, Sam, Dean, Loïc, Luca.  Coach: Guy