¼-Finall Mixtecoupe Nordstad 1-Alzeng2


19 December 2019

Den Méindeg 09.12.2019 huet d’Mixteéquipe Alzeng2 zu Ettelbréck een Coupe Match géint d’ Équipe Nordstad1 gespillt.

Am éischten Satz hat Alzeng den besseren Start an konnt sech e liichten Virsprong eraus schaffen. Mee d’ Équipe aus der Nordstad konnt mat gudden Aktiounen drun bleiwen an verhënneren dass Alzeng dovun zitt. Um Enn séchert sech Alzeng den 1. Satz mat 20-25. Am 2. Satz war et genau ëmgedréint an Nordstad konnt séier e puer Punkten Virsprong eraus spillen.  Alzeng huet säin bescht ginn, mee konnt awer nët verhënneren dass Nordstad den 2. Satz mat 25-17 gewonnen huet. Dovun hunn sech déi Alzenger awer nët veronsécheren gelooss. Am 3. Satz war Alzeng ganz gutt am Spill während d’ Nordstadéquipe Problemer hat. Deementspriechend geet deen Satz kloer mat 13-25 un Alzeng. D’ Spiller/innen aus der Nordstad sinn awer trotz den 2 verlueren Sätz nët nervös ginn an konnten den 4. Satz mat 25-18 gewannen. Et huet also mussen een 5. Satz gespillt ginn. Hei hunn déi Alzenger gutt ugefaangen an  sech direkt een Virsprong erspillt deen sie och laang verdeedegt hunn. Leider konnten sie trotz dem Virsprong zum Schluss den entscheedenden Punkt nët maachen, an Nordstad konnt mat 25-23 den 3. Satz an domat och den Match fir sech entscheeden.

Eis Equipe: Chrëscht (c), Sandy, Conny, Nathalie, Wujhel, David, Sam.  Coach: Guy