Just For Fun 2022


02 November 2022

Nodeem eisen Just 4 Fun Tournoi an den Joeren 2020 an 2021 leider huet mussen weenst Corona ausfaaalen war et den Sonndeg 23. Oktober endlech nees esou wäit. D' Editioun 2022 konnt stattfannen an vill begeeschtert Spiller hunn sech gemellt fir mat dobäi ze sinn.
17 Equippen hunn sech vill interssant Matcher geliwwert an dobäi een flotten Sonndeg Nomëtteg verbruecht. An enger spannender Finall konnt sech och bei dëser Editioun d' Team "Old Schmetterhand" nees den Titel sëcheren.
Mir soeen jidferenegem deen matgespillt an matgehollef huet een groussen Merci an mir freen eis elo schonn op déi nächst Editioun.

j4f2022 results.pdf